REPLAY: Live! Planet PeopleAm Ausland liewen a schaffen: Annick Weber, Idder Boukhcha an Edouard Paquet

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend waren dräi Invitéen am Live! Planet People, d'Annick Weber, den Idder Boukhcha an den Edouard Paquet.
Live! Planet People
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

D’Invitéen am Live! Planet People vun haut liewen a schaffen normalerweis am Ausland.

D’Annick Weber beispillsweis schafft als Freelance-Reesjournalistin. Si schreift Reportage fir de Magazin vun enger grousser Hotelschaîne, oder huet wärend 8 Méint am Mexiko gelieft, fir do un engem Reesguide ze schaffen.

Den Idder Boukhcha studéiert net nëmmen a Frankräich, hie wëllt seng Lëtzebuerger Heemescht och do méi bekannt maachen. Hien ass Chroniqueur am Stéphane Bern senger Emissioun “Bon baisers d’Europe” op France2, wou déi europäesch Länner op eng sympathesch Manéier virgestallt ginn.

Den Edouard Paquet ass deene Meeschte vu sengem Kanal op RTLYou bekannt. Mä de Filmstudent schafft och u méi seriöe Sujeten, beispillsweis war hien fir e Filmprojet an engem südafrikaneschen Township, en Openthalt, deen hie staark markéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO