De Flying Dutchman hat am Januar eng Reouverture. Knapps en halleft Joer ass den Dan Terrao elo de neie Gerant vum Flying Dutchman. Iert en dat ganzt awer iwwerholl huet, war hie 14 Méint op enger Weltrees. Ugefaangen huet alles mat engem Congé sans solde, ma am Laf vun der Rees ass dem Dan awer kloer ginn, dass hie net méi a säin ale Beruff als Educateur zréck wéilt.
Am September d’lescht Joer dunn ass hien an d’Wunneng iwwert dem Fly geplënnert an huet direkt ugefaangen e neit Konzept fir d’Kultdisco ze entwerfen.
Gegrënnt gouf de Flying Dutchman 1976 vun enger Hollännescher Fra mat hirem eelste Jong. Well deen ëmmer ënnerwee war, huet si hien de “Flying Dutchman” genannt an dat sollt spéider och de Numm vun der Disco ginn.
Iwwer 40 Joer ass de Club gutt gelaf, ma déi lescht 3 Joer ass et ëmmer méi eidel ginn. Elo versicht den Dan neie Wand an domat och erëm méi Clientèle an de Fly ze bréngen.
Live Musek war schonn ëmmer een Deel vun der Disco zu Beefort. E sëllechen Artiste sinn hei schonn opgetrueden. Dee Spirit soll och elo net verluer goen. Dem Dan läit dat kulturellt immens um Häerz, dowéinst huet hie fir d’Zukunft och schonn déi eng oder aner Iddi. Ënnert anerem wëll hien dass d’Disco een Dag an der Woch op huet, fir do kulturell Evenementer ze organiséieren.
Fir d’Stammgäscht vum Flying Dutchman wäert d’Lokal ëmmer eppes Besonnesches bleiwen an och wann e puer Saachen nei sinn, den ale Charme huet de Club net verluer. De Fly bleift also eng gutt Alternativ zu de groussen Discoen an a ronderëm d’Staat.