En Dënschdeg war Kölsche Owend mam DJ Rom, Hoffi-Zambezi a Kasalla.
E Méindeg den Owend haten Hoffi-Zambezi an Die Draufgänger de Stall gerockt.
E Sonndeg den Owend huet de Stall gedanzt a gesongen, dat duerch déi musikalesch Animatioun vu Rol Girres, Dany Gold a Jürgen Drews.
E Samschdeg waren et d’Sandy Botsch, de Bob St. Trop an de Ricardo Vieira, déi “Am Stall” d’Bud gerockt hunn.
E Freideg den Owend hunn den Hoffi Zambezi an de Rol Girres d’Bud zum Schweesse bruecht.
En Donneschdeg de Mëtteg war Kids Party am Stall mam Dj Hofmeister an dem Markus Becker. Kanner an Eltere ware begeeschtert. Eng 2 Editioun ass an der Planung fir 2020. Owes da war nees weider Party ugesot.
En neien Headliner gouf et e Mëttwoch den Owend, wéi d’Dorfrocker och d’Zelt gerockt hunn.
En Dënschdeg huet de Rol Girres d’Stëmmung am Stall ugeheizt. Weider goung et mam Dany Gold, a fir den Ofschloss huet d’Mia Julia fir Bommestëmmung gesuergt.
E Méindeg den Owend waren et d’Optrëtter vum Ricardo Vieira, vun der Boygroup East 17 a vun Hoffi-Zambesi.
E Sonndeg den Owend huet ënnert anerem de Matthias Reim de Stall un d’Sange bruecht. Bekannt gouf hie virun allem mam Lidd “Verdammt ich lieb dich”.
Um Freideg den Owend war et nees um Romain Kerschen an un Hoffi-Zambesi, fir déi vill Leit z’entertainen, wat hinnen och definitiv gelongen ass, wann een d’Fotoe sou kuckt.
Um Donneschdeg den Owend war et u Simply 2, Dany Gold an Anna-Maria Zimmermann fir déi musikalesch Ënnerhalung z’assuréieren.
E Mëttwoch den Owend hu Romain Kerschen, Dany Gold an Isi Glück fir d’Animatioun “Am Stall” gesuergt.
En Dënschdeg den Owend war et nieft Simply 2 an Hoffi-Zambesi um däitsche Sänger Oli.P, fir am Stall d’Leit musikalesch z’ënnerhalen.
E Méindeg den Owend waren am Asaz: Simply 2, Hoffi Zambesi an als Highlight de Mickie Krause!
Um Sonndeg den Owend hu Mambo Schinki, Dany Gold a Lorenz Büffel de Stall un d’Sangen an Danze bruecht.
Um Samschdeg den Owend huet d’Sandy Botsch, Honk an Hoffi-Zambezi fir eng bomme Stëmmung gesuergt.
Um Freideg den Owend huet de Bauer säi Stall nees opgespaart. D’Leit haten net laang gewaart an de Stall war séier gutt besat, super Stëmmung war wéi ëmmer virprogramméiert.