
De “Bezoz Earth Fund” soll Wëssenschaftler, Aktivisten an Net-Regierungsmemberen an hirem Asaz géint d’Klimaerwiermung ënnerstëtzen. Dat huet de Grënner vum Ris am Online-Handel e Méindeg op Instagram ugekënnegt. Hien huet de Klimawandel als déi gréisste Menace fir eise Planéit bezeechent.
Den Amazon-Chef ass aktuell dee räichste Mann op der Welt. Säi Verméige gëtt op 130 Milliarden Dollar geschat. Seng Firma gëtt allerdéngs vun Ëmweltschützer hefteg fir seng Belaaschtung kritiséiert. Net just de Versand an d’Liwwerunge wiere schlecht fir d’Klima, ma och de Stroumverbrauch wier duerch déi riseg Datenzentren enorm. Amazon verschéckt dem Bezoz no iwwer 10 Milliarden Päck d’Joer.
Am September hat de Bezoz ugekënnegt, seng Firma wéilt a Saache Klimaschutz eng Virreiderroll anhuelen a bis zum Joer 2040 eng CO2-Neutralitéit erreechen. Am Kader vu senger Selbstverflichtung wëll den Online-Handelsris ënner anerem 100.000 Liwwerween mat Elektroundriff kafen.
Aus de Reie vun den Amazon-Mataarbechter kommen awer d’Kriticken, d’Ustrengungen a Punkto Klimaschutz géife bei wäitem net duergoen. Am Januar hu sech dowéinst iwwer 300 Mataarbechter un engem Blog vun der Initiativ “Amazon Employees for Climate Justice” bedeelegt. Doranner gouf d’Firma opgefuerdert, seng Beméiunge fir de Klimaschutz däitlech méi ambitionéiert unzegoen, wéi de Bezoz dat annoncéiert hat.