Fir d'Leit opzemonterenAmerikanerin sëtzt all Dag verkleet virun der Hausdier

RTL Lëtzebuerg
Um Ufank war d'Aktioun als ee Geck geduecht, fir hir jonk Kosengen an Zäit vum "Social Distancing" z'ameséieren.

Ewell ass d’Erin Kemble aus dem US-Bundesstaat Virginia eng Internetsensatioun. All Dag huet si een neie Konstüm un a presentéiert kleng Affichen, op deene si ënnert anerem d’Leit dozou oprifft, d’Hygiènesmesuren an d’Distanz anzehalen. Si huet hir Aarbecht duerch d’Pandemie verluer, et wier also och ee gudde Wee, sech selwer ze beschäftegen.

Déi éischt Foto krut 30.000 “Likes” op de sozialen Netzwierker, elo gëtt all Dag eng nei Foto an den Internet gesat. Si hofft, datt d’Initiativ d’Leit dobaussen oflenke kann an hinnen Hoffnung op eng besser Zäit gëtt.

Back to Top
CIM LOGO