"plastic hug blanket"Amerikanesch Famill erfënnt Decken, fir sech z'ëmäermelen

RTL Lëtzebuerg
An Zäite vum Coronavirus muss een nawell kreativ ginn, wann een anere Leit no wëll sinn. Eng Fra aus Arkansas hat eng super Iddi.

Familljememberen a Frënn sinn de Moment op den Internet ugewisen, fir iwwerhaapt nach Kontakt mateneen ze hunn. Sech an den Aarm huelen, ass de Moment guer net dran.

An Amerika krut d’Schwëster vum Katie Ayoub e klengt Meedchen, natierlech ware Visitten oder Kontakt net méiglech, fir de Puppelche kënne ze gesinn. D’Katie huet mat Hëllef vu Plastik, vill Päsch a Scotch eng Aart Decken gebastelt, de “plastic hug blanket”.

Aus grousse Plastikstute sinn d’Äerm entstan, fir de Rescht gouf en duerchsiichtegen Duschriddo benotzt, deen un der Hausdier befestegt gouf. Dëst huet et duerno méiglech gemaach, dass ee sech nees an den Aarm huele konnt, e Gefill, wat sécherlech vill Leit an der Corona-Kris vermëssen. Et sinn nämlech och déi kleng Gesten, déi e groussen Effekt kënnen hunn.

Back to Top
CIM LOGO