An der Paus vun engem Futtballmatch, ëmmerhin geet deen iwwer 90 Minutten an et gëtt een duuschtereg dobäi, kann et emol passéieren, datt een en klengt Geschäft muss maachen.
Wann een dobäi awer en ze wäite Wee bis op d’Toilette huet, geet eng Mauer och duerch. Direkt ënnert dem Tableau vum Resultat ass dann awer e bëssi geféierlech, well do kucken d’Leit awer drop. Bon, egal, de Kolleeg passt schonn op, datt keen eis gesäit.
Just blöd dobäi, wann d’RTL-Kamera de Match grad am Livestream huet an an der Paus dat aktuellt d’Resultat an dann och dës ganz Aventure ganz Lëtzebuerg ka gesinn...