Live! Planet People am ReplayAngela Wilden, Jendrik Sigwart an Anne-Marie David

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Fangerneel an den Eurovision Song Contest, gëscht an haut.
Live! Planet People
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

D’Angela WILDEN kennt sech aus mat Fangerneel an ass op dësem Plang besonnesch kreativ. Dat krut se am Mäerz confirméiert, wéi se sech mat Kënschtler aus 30 Länner bei “Nailympia online” gemooss huet. Et war fir d’éischt, dass een aus der Branche déi Lëtzebuerger Faarwe bei dësem renomméierte Concours vertrueden huet an direkt bei der Première gouf et fir d’Angela Wilden 1 Goldmedail, 2 Sëlwermedailen, 2 Bronzemedailen an den Titel “Winner of Arts” a “Winner of Winners” an der zweeter Divisioun. An dat bei enger Konkurrenz vun 198 Participanten.

De Jendrik SIGWART spillt Piano a Gei, a mat senger Stëmm wëll hien am Mee fir Däitschland den Eurovision Song Contest gewannen. Hien huet schonn als Kand zu Hamburg gemierkt, dass Musek säi Liewen ass, an no sengem Studium um “Institut für Musik” zu Osnabrück konnt een hien a Musicalle wéi My Fair Lady, Hairspray a Peter Pan gesinn. De Jendrik schreift och selwer Lidder, déi een op YouTube entdecke kann a seng Ukulele huet hien ëmmer derbäi. Och den 22. Mee, wann hien zu Rotterdam säi Lidd “I don’t feel hate” beim ESC séngt a sech aus der ganzer Welt ganz vill Punkten erhofft.

D’Anne-Marie DAVID huet de Grand Prix Eurovision de la Chanson schonn eng Kéier gewonnen. 1973 ass si fir Lëtzebuerg am Groussen Theater ugetrueden an huet ee Joer nom Vicky Leandros mam Lidd “Tu te reconnaîtras” nach emol fir eist Land gewonnen. Dowéinst huet si zanterhier och eng ganz besonnesch Relatioun zum Grand-Duché, an dat Lidd huet der Sängerin och hiren éischte gëllenen Disk abruecht. Dono huet se d’Welt kennegeléiert, séngt an 8 Sproochen an huet nach vill Projete fir d’Zukunft. Déi aktuell Single vum Anne-Marie David heescht “Veux tu”.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO