D’Anna Seyser ass Léierin am Primaire zanter 8 Joer. Nieft hirem Job schafft si awer als Bloggerin ënnert dem Numm “anna ros lilly”. Hir Passioun: D’Faarwen. Si seet och vu sech selwer, datt si de faarwegste Mënsch vu ganz Lëtzebuerg ass. Si huet 2014 dermat ugefaangen, well eng Frëndin vun hir si iwwerriet huet, hir Outfits mat de Leit ze deelen, an d’Leit matzehuelen an hire geckegen Universum. Mëttlerweil huet si iwwer 12.000 Abonnenten op Instagram a schafft och mat Marken zesummen. Si huet zu Bréissel studéiert. Do huet d’Anna Seyser hire Frënd, den Oli, kennegeléiert. Si sinn zënter hier eng Koppel an hien ass deen, deen hannert der Kamera ass, an dem Anna Seyser hëlleft, fir hire Blog all Dag ze fidderen. Ee grousse Projet hu si den Ament: si bauen een Haus an dat soll grad esou faarweg ginn ewéi d’Anna Seyser.
Den Eric Hamus huet säin Job als Journalist beim Lëtzebuerger Wort un den Nol gehaangen (schafft zwar weider als Freelance), fir den “Appalachian Scenic Trail” ze maachen. Mat 3.500 Kilometer soll et ee vun de längsten Hiking-Trails op der Welt sinn. De 27. Februar flitt hien op Atlanta. Den 1. Mäerz geet et da lass mam Trail. Hie wëll de kompletten Trail zu Fouss maachen. Dat dauert da ronn 6 Méint an der Moyenne. Hie wäert dann duerch 14 Stied an Amerika trëppelen a schlofe mécht hien am Zelt. Backpacking ass fir hie Synonym fir “Fun”, fir dat wärend 6 Méint ze maachen, ass fir hien eng Aventure. Hien ass scho virdru mam Rucksak gereest an huet gemierkt, wéi gutt et him perséinlech deet. Op sengem Blog luxembear.com wëll hien da reegelméisseg posten, wou e sou drun ass.
D’Lynn Theisen huet studéiert, fir Léierin ze ginn. An der Vakanz huet si dunn eng Kéier d’Surfe fir sech entdeckt. Ass du fir eng Vakanz op Bali geflunn, wou et och Coursen am Surfe geholl huet. Aus där Vakanz gouf e permanente Wunnsëtz an Indonesien. D’Lynn Theisen ass mëttlerweil zanter 2 Joer op Bali an ass do ebe Surferin a Surf-Model. D’Surfen ass fir si och net nëmmen e Sport, mä eng ganz Liewensphilosophie. D’Liewen dohanne wier och vill manner komplizéiert ewéi hei. Do géife keng Grenze gesat ginn an et géing ee vermëttelt kréien, datt ee säi Liewe soll genéissen an d’Saache sou huele soll, wéi se kommen, sou d’Lynn Theisen. Si organiséiert och zu Bali Yoga-Retreats. Schafft mat Surf-Marken zesummen. Elo grad ass d’Lynn Theisen am Gaangen, e Shop opzebauen, fir och kënne vun der Fotografie ze liewen.