
Obwuel den Ament iwwerall Schëlder hänken, op deenen een drun erënnert gëtt, wéi wichteg et ass, seng Hänn ze wäschen, vergiessen et vill Mënschen am Alldagsstress oder huelen d’Situatioun net eescht. Fir deem entgéintzewierken huet sech dat vietnameesescht Institut fir Gesondheet eng aussergewéinlech Campagne afale gelooss... mat groussem Succès!
An Zesummenaarbecht mat Museker hu si e Pop-Song entwéckelt, fir d’Leit weltwäit iwwert d’Virsiichtsmoossname géint de Coronavirus opzeklären. An dofir muss ee mol kee Vietnameesesch schwätzen, fir de Message am Video ze verstoen. Mat Hëllef vu witzege Kierperbeweegunge kritt ee gewisen, wéi een aus dem langweilegen, éischter onspektakuläre Virgang vum Hännwäschen eng amüsant Danznummer maache kann.

Weltwäit zirkuléiere Videoen, op deene Jonker wärend hirer Performance gefilmt ginn. Ëmmer nees gëtt de Refrain widderholl, deen een net méi esou séier vergësst, wann een e bis eng Kéier héieren huet: “Wäscht Är Hänn, schruppt se, schruppt se, schruppt se! Pakt Är Aen net un, och net Är Nues oder Äre Mond, reduzéiert Är Visitten op iwwerfëllte Plazen!”
D’Choreographie staamt vum vietnameeseschen Dänzer Quang Dang, deem säi Video op der Plattform Tiktok scho bal 6 Millioune Mol ugeklickt gouf. Ënnert dem Hashtag #ghencovychallenge gi Leit aus der ganzer Welt encouragéiert, hir eege Performance ze filmen an ze posten, fir zesummen op d’Wichtegkeet vun der Hygiène an Zäite vum Coronavirus opmierksam ze maachen.
Ma och, wann ee seng Hëft net gär schwéngt, soll een eppes net vergiessen: Hänn wäschen a schruppen!