Ënner Ruinen aus dem Weltkrich begruewenArcheologe fannen 79 Joer alen Nësskuch zu Lübeck

RTL Lëtzebuerg
De Kuch aus dem Joer 1942 huet praktesch keng Schied a gëtt Opschloss iwwer d'Bombardementer vun den alliéierten Zaldoten.
© dpa/dpa/picture-alliance/Archiv/Markus Scholz

79 Joer nom Bombardement op Lübeck hunn Archeologen eng éischter ongewéinlech Entdeckung am Keller vun engem Haus gemaach, dat bei der Attack zerstéiert gouf. Wéi d’Stad Lübeck matdeelt, hunn éischt Analysen erginn, dass et sech ëm en Nësskuch mat “Krokantmantel” handelt.

Dee mat Glasur a “Sprëtzdekor” verzierte Kuch wier an der aler Kiche vum Haus ënner Gestécks fonnt ginn an hätt esou d’Joren iwwerstanen. E wier zwar duerch d’Hëtzt op een Drëttel vun senger ursprénglecher Gréisst geschrumpft, mä d’Detailer sinn nach ze erkennen.

D’Archeologe fannen, dass dës Entdeckung Opschloss iwwer d’Geschicht vun de Bombardementer op Lübeck gëtt: Lübeck ass an der Nuecht op Pällemsonndeg attackéiert ginn, dofir hätte vill Leit sech op e festlechen Dag virbereet. Nieft dem Kuch hätt een en Zerwiss an ee Plackespiller fonnt.

“Et huet 79 Joer gedauert, bis dës Zäitzeien, déi eleng wéinst hirer eegener Vergänglechkeet an hirem fragille Material den direkte Moment vun der Zerstéierung erëmspigelen, erëm un d’Liicht komm sinn”, esou den Dirk Rieger, Chef vun den Archeologen. De Kuch wier déi eenzeg Pâtisserie vun där Aart an Norddäitschland an eng extreem wichteg Entdeckung, sot de Rieger weider. E soll elo konservéiert an ausgestallt ginn.

D'Lisa Renn (lénks) an d'Doris Mührenberg (rechts) inspizéieren dee beim Bombardement begruewene Kuch.
D’Lisa Renn (lénks) an d’Doris Mührenberg (rechts) inspizéieren dee beim Bombardement begruewene Kuch.

Back to Top
CIM LOGO