Gesiicht geklautArnold Schwarzenegger verklot Roboter-Hiersteller

RTL Lëtzebuerg
An der Filmrei "Terminator" kennt een den Arnold Schwarzenegger als Cyborg, dee géint aner Maschinne kämpft.
© afp

Am richtege Liewen huet hien de Roboter elo och de Kampf ugesot, oder besser gesot, de Roboter-Produzenten. De russeschen Hiersteller Promobot huet nämlech d’Gesiicht vum 72 Joer ale Schauspiller geklaut - angeblech ouni Erlabnes. Bei Promobot kann een an der Robo-C-Rei Robotere mat mënschleche Gesiichter baue loossen.

TMZ no soll dem Arnold Schwarzenegger seng Firma dowéinst eng Klo an Héicht vun iwwer 10 Milliounen Dollar agereecht hunn. Wéi dat US-Promi-Portal mellt, wier hien “onfräiwëlleg Gesiicht” vun engem Produit ginn.

Back to Top
CIM LOGO