Fotoen a VideoArosa Bärenland: Déiererettung, Déiereschutz an Wëssensvermëttlung

RTL Lëtzebuerg
An der Schwäiz gëtt et an der Géigend vun Arosa en 2,8 Hektar grousse Ressort, wou Bieren dierfe fräi liewen.

D’Stëftung Arosa Bären huet zesumme mat der Déiereschutzorganisatioun Vier Pfoten an der Schwäiz e Ressort opgebaut, an deem gerett Biere kënne liewen.

Hei sollen Déieren, déi net Aartgerecht gehale goufen, en neit doheem kréien. Vier Pfoten geet d’Déieren a ganz Europa an och an aner Regioune vun der Welt retten a sichen, fir datt si an dësem Schutzgebitt kënne liewen. Virdrun hunn dës Bieren dacks a klenge Käfeger oder ugekett an enger Wiss gelieft.

Aktuell kënnen op den 2.8 Hektar bei Arosa 5 Bieren an der Natur liewen. Visiteure vum Arosa Bärenland kënnen hinnen dann och dobäi nokucken.

2010 ass d’Iddi zum Bärenland entstanen, ma et huet bis Enn 2016 gedauert, bis d’Stëftung “Arosa Bären” gegrënnt gouf an dunn nach bis Juli 2018, bis den éischte Bier hei erageplënnert ass. Dëst war den Napa, en Zirkusbier aus Serbien.

Arosa Bärenland: Napa
2018 koum d’Déier aus Serbien an de Park.

Am Februar 2019 koumen d’Amelia an de Meimo dobäi, zwee Bieren, déi an engem Restaurant an Albanien gelieft hunn.

Arosa Bärenland: Amelia a Meimo
Am Februar 2019 koumen zwee weider Bieren, dëst d’Kéier aus Albanien, an de Parc.

Nieft der Entrée, déi d’Visiteure musse bezuelen, finanzéiert sech d’Bärenland awer Haaptsächlech iwwer Spenden. Weider Informatioune fannt Dir op www.arosabaerenland.ch

PDF: Fact Sheet zum Arosa Bärenland

Back to Top
CIM LOGO