
Et läit no, dass et all Moment kéint sou wäit sinn, dem offizielle Statement vum Kensington Palace no soll d’Gebuert jo fir d’Fréijoer 2019 sinn. Och am Loftraum ëm d’Residenz vun der royaler Koppel gouf en Helikopter gesinn.
D’Herzogin an de Prënz wëllen d’Gebuert vun hirem éischte Kand esou privat hale wéi méiglech. Iwwert d’Gebuert si keng Detailer un d’Ëffentlechkeet gaangen. Et gëtt awer gemunkelt, dass d’Meghan hiert Kand wëll Doheem op d’Welt bréngen. Eng Ekipp Doktere wier just am Eeschtfall prett, falls et Komplikatioune géif ginn.