
Wéi d’Police mellt, hat de Mann e Sonndeg op der Mainzer Gare seng Entloossung mat 3 onbekannte Männer gefeiert. Si hunn duerno zesummen am Fräien an engem Park iwwernuecht, ma den Dag drop ass de Mann eleng nees wakereg ginn. Seng 2 Sacochen an seng Sue ware fort. 700 Euro hat de Mann wärend senger Inhaftéierung zesummegespuert a wollt sech domat en Neistart finanzéieren.
Den Ex-Prisonéier wousst vu kengem vun deenen 3 den Numm. Och aner Informatiounen hat de Mann op Nofro vun der Police keng.