
Esou vill Wäin gouf duerch d’Corona-Kris net verkaaft. Elo maachen 33 Brenner am Frankräich Bioethanol an Desinfektiounsgel domadder. Finanzéiert gëtt déi exzeptionell Initiativ vun europäesche Fongen an d’Produktioun soll bis de 15. Oktober lafen.
Et gouf relativ wéineg Wäi verkaaft wärend der Pandemie. Mat dësem Projet kënnen d’Wënzer an d’Brenner nees eppes verdéngen, an zwar ëmgerechent eng Indemnisatioun vun 78 Euro den Hektoliter Wäin.
D’Responsabel vu FranceAgriMer, déi de landwirtschaftleche Maart a Frankräich geréieren, ënnersträichen, datt dësen Alkohol exklusiv fir d’Pharmaindustrie geduecht ass an net fir Gedrénks.
