Kreativ an der PandemieAus senge Sneaker eppes méi Eenzegaarteges maachen

RTL Lëtzebuerg
Wat mécht een als Jugendlechen, wann ee sech wärend der Pandemie langweilt?
Aus senge Sneaker eppes méi Eenzegaarteges maachen
Wat mécht een als Jugendlechen, wann ee sech wärend der Pandemie langweilt?

Déi eng hu vläicht méi Sport gemaach, déi aner hu mat hire Kolleegen iwwer Distanz gezockt oder et huet ee seng kreativ Oder fonnt an et huet ee sech domadder e klenge Business opgemaach, sou wéi e jonkt Meedche vu Bieles.

D’Iddi, fir aus senge Sneaker eppes méi Eenzegaarteges ze maachen, ass dem Julie Thimmesch d’lescht Joer am Fréijoer komm. Scho länger war et op der Sich no personaliséierte Schong, déi virun allem an Amerika ganz beléift sinn, ma séier huet d’Konschtschülerin awer misse feststellen, dass d’Präisser dofir nawell gepeffert sinn.

A sou huet et sech kuerzerhand all néidegt Equipement kaf a sech säin éischt Puer Sneaker selwer gemoolt. Mat der Zäit ass et ëmmer besser ginn a sou ass et op d’Iddi komm, dat selwecht fir aner Leit ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO