
Well d’Baren a Caféë wéinst der Corona-Pandemie hir Diere mussen zouloossen, ginn d’Caddien an de Supermarchéë grad vollgepaakt mat Béier, Spirituosen, Wäin an aneren Zorten Alkohol. Fir ze verhënneren, dass d’Clientë virun eidele Regaler stinn, dierf een elo “just” nach 12 Fläsche Wäin an 2 Këschte Béier den Dag kafen.
Den Zuele vun der Commonwealth Bank no wieren d’Ausgaben an de sougenannte “Bottle Shops” ëm 86 Prozent an d’Luucht gaangen.
