Grousst Lous gezunnAustralier verléiert Job duerch Corona a wënnt duerno am Lotto

RTL Lëtzebuerg
Heiansdo geschéien déi onerwaartste Saachen zu de richtege Momenter. Dat huet sech bestëmmt e Lottogewënner aus Melbourne geduecht.
© AFP/Archiv/STR

D’Pandemie huet dozou geféiert, dass vill Leit uechtert d’Welt hir Aarbecht verluer hunn. Sou ass et och engem Familljepapp zu Melbourne gaangen. Nodeems hie seng Plaz lass war, huet hien noutgedrongen eng nei Aarbecht gesicht an an enger Botzfirma geschafft, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

An der Hoffnung, senge Kanner an Zukunft eventuell méi bidden ze kënnen, huet den Australier bei der Powerball-Lotterie matgemaach. An dat huet sech nawell gelount! Ronn 50 Milliounen Euro huet de Mann, deen anonym bleiwe wëll, gewonnen, schreift d’"Daily Mail”. Hie soll als eenzegen déi richteg Zuele getippt hunn, sou dass den Jackpot eenzeg an eleng un hie gaangen ass.

Eng Zomm, déi hien a seng Famill grad an dësen Zäite gutt brauche kann. Am Interview mat der “Daily Mail” huet hien erzielt, dass si virun der Pandemie en Haus kaf hätten. Kuerz Zäit méi spéit huet hie corona-bedéngt seng Aarbecht verluer. Dëse Lottogewënn erspuert him, senger Fra an de Kanner vill Problemer. Elo kënnen d’Hypothéik an d’Rechnungen ofbezuelt ginn, sot hien. An dat wichtegst fir de Familljepapp: Hie freet sech, senge Kanner e bessert Liewe bidden ze kënnen. Et gëtt esou vill, wat ee mat dësem Geld maache kann. Dëst wäert d’Liewe vu ville Mënsche veränneren, sou de gléckleche Gewënner géintiwwer der Lottogesellschaft.

Back to Top
CIM LOGO