Ouschter-TrendBäckerei an der Schwäiz produzéiert Schockelas Huesen mat Masken

RTL Lëtzebuerg
Aus enger Nout en Trend maachen, dat huet sech eng Bäckerei an der Schwäiz geduecht. Si produzéiere Schockelas Ouschterhuesen mat Otemschutzmasken.

Déi eng wäerte wuel de Kapp rëselen, anerer wäerten driwwer laachen. Genee dat wollten déi Responsabel vun enger Schwäizer Bäckerei an Zäite vum Coronavirus mat hire Schockelas Huesen och erreechen.

An der Confiserie Richner zu Aargau ginn nämlech esou Corona-Schokohuesen produzéiert a verkaf. Wëll heeschen, d’Huese krute Masken un.

Back to Top
CIM LOGO