Wärend dem Lockdown hunn eng 150 Mataarbechter eng nei Spillplaz, nei Plaze mat Märercher an nei Gebaier fir Déieren opgeriicht. Donieft goufe Renovatiouns-, Vergréisserungs- a Verbesserungsaarbechten duerchgefouert.
Et wier ee frou, nees Kanner mat hire Famillje begréissen ze dierfen.
Fir e sécheren Openthalt garantéieren ze kënnen, musse sech d’Visiteuren un e puer Consignen halen. Besicher si gebieden, hir Ticketen am Virfeld online ze reservéieren. An den nächsten Deeg wäert dës Funktioun um Site vum Park ageriicht ginn. Op der Plaz kënne keng Tickete kaf ginn. Weider heescht et vun hirer Säit, dass sech muss un d’Covid-19-Mesurë gehale ginn, déi d’Regierung entscheet huet.
De Märchepark ass bis den 11. Oktober vun 9.30 bis 19 Auer op, dat 7 Deeg op 7.