Al WäisheetBéier op Wäin, Wäin op Béier... : Etüd seet, al Reegel ass Blödsinn

RTL Lëtzebuerg
"Bier auf Wein, das lass sein. Wein auf Bier das rat ich dir". E Spréchwuert, dat net nëmmen déi Däitsch gären zitéieren.
© AFP

De Kai Hensel vun der renomméierter Universitéit Cambridge huet sech gefrot, wat wierklech dohannert stécht an huet doriwwer eng Etüd gemaach.

Bier auf Wein/Reportage Jil Arend

An et war nawell eng opwänneg. Elleng d’Plangen huet 2 Joer gedauert. Mat verschidden anere Professeren huet de Kai Hensel ugefaangen, ze recherchéieren an e Konzept ze entwéckelen. Wéi léisst sech den décke Kapp am beschte moossen? Wéi vill musse Kandidaten iwwerhaapt drénken, dass d’Studie signifikant Resultater liwwert? A wéi eng Facteure kënnen de sougenannte “Kater” beaflossen? Virun allem awer huet ee sécherstelle missen, dass beim Versuch keen zu Schued kënnt. Déi gréisst Hürd war allerdéngs, d’Etüd duerch d’Ethikkommissioun vun der Uni ze kréien. Et war net esou einfach, hei ze erklären, firwat et wëssenschaftlech relevant wier, sech ze bedrénken. Och wann et ënnert kontrolléierte Bedéngunge war. Schlussendlech huet d’Kommissioun awer hiren Ok ginn.

De Kai Hensel a seng Kollegen hunn doropshi knapps 100 Fräiwëlleger tëschent 19 a 40 Joer gesicht, déi gäre Béier a Wäin drénken. Wichteg war, dass et ëmmer 3 Kandidate goufen, déi ähnlech waren, also am selwechten Alter, de selwechte BMI-Wäert haten an och plus ou moins d’selwecht vill gedronk hunn. Dës Trioe sinn dann an 3 Gruppen agedeelt ginn.

Déi éischt Grupp huet um éischten Owend mat Béier gestart an ass dann op de wäisse Wäin iwwergaangen, bis e Promillewäert vun 1,1 erreecht war. Beim zweeten Owend ass d’Reiefolleg du geännert ginn. Se hunn also fir d’éischt Wäin an duerno Béier gedronk.

Déi zweet Grupp huet am Prinzip dat selwecht gemaach, just an der anerer Reiefolleg. Also um éischten Dag mat Wäin ugefaangen an den zweeten du mat Béier. An den éischten zwou Gruppe goufen am Schnatt 1,3 Liter Béier an 0,6 bis 0,7 Liter Wäi gedronk.

Déi drëtt Grupp, wa déi sougenannte Kontrollgrupp. Um éischten Owend gouf et fir si just Béier, am Schnatt gouf hei 2,6 Liter op de Kapp gedronk. An den zweeten Owend duerfte se just Wäin drénken. Hei waren et ronn 1,2 Liter déi pro Kapp gedronk gi sinn.

Fir richteg a méiglech genau Resultater ze kréien, missten déi selwecht Konditioune fir jidderee gëllen. Alleguer d’Kandidate kruten owes dat selwecht z’iessen. Virum schlofe goen, krut jidderee sechs Milliliter Waasser pro Kilogramm Kierpergewiicht ze drénken an esouguer de Schlof war gereegelt. D’Kandidate sinn zu der selwechter Zäit waakreg gemaach ginn an hunn och bei der gläicher Zëmmertemperatur geschlof. Moies hunn d’Probanten da missen unhand vun aacht verschidde Symptomer, vu Middegkeet iwwer Schwindel bis hin zum Kappwéi, hiren décke Kapp aschätzen. Dës Wäerter zesumme mat Blutt- an Urintester, goufen da matenee verglach. D’Resultat war eendeiteg, et huet keen Ënnerscheed gemaach, wat fir d’éischt gedronk gouf. Wee sech owes am vollste gefillt huet oder sech esouguer iwwerginn huet, deem war et moies och am schlechtsten, egal a wéi enger Reiefolleg gedronk gouf. De Kierper signaliséiert deemno wéini et Zäit ass, opzehalen.

Dass sech d’Spréchwuert awer esou wäit verbreet huet, läit an der Geschicht. Fréier konnte sech déi aarm Léit just Béier leeschten. Si se dann awer gesellschaftlech eropgeklommen, konnte se op eemol och Wäin degustéieren. Wein auf Bier war deemno wënschenswäert. Bier auf Wein, dat wollt deemools keen.

An nach e witzegen Aspekt vun der Etüd zum Schluss. Den Alkoholpeegel huet net nëmmen zu wëssenschaftleche Resultater gefouert, mee och zu perséinlechen. Wärend der Studie huet eng Koppel Schluss gemaach, mee et huet sech och en neit fonnt.

Back to Top
CIM LOGO