They did it!Beim Dwayne Johnson hunn d'Hochzäitsklacke gelaut

RTL Lëtzebuerg
Den Dwayne "The Rock" Jonhson a seng Partnerin Lauren hu sech no 10 Joer Bezéiung endlech op Hawaii d'Jo-Wuert ginn.
© Instagram / therock

“We do”. Dat waren d’Wieder vum “The Rock” op Instagram. Um Dënschdeg huet hien do bekannt ginn, dass hien an d’Lauren Hashian sech den 18. August zu Hawaii bestuet hunn. Déi zwee si zanter 2007 liéiert an hunn zwou Duechteren. Aus engem éischte Bestietnis huet den d’Johnson nach en drëtt Meedchen. Geplangt war d’Hochzäit scho fir d’lescht Joer, duerch d’Gebuert vun hirem jéngste Meedchen hu se dunn decidéiert d’Hochzäit ze verréckelen.

Bekannt ass den Dwayne “The Rock” Johnson duerch seng Wrestling- a Schauspillerkarriäre. Baywatch a Fast&Furious sinn déi rezentst Filmer, wou hien ze gesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO