
Dës Lescht schénge Kollaboratioune voll am Trend ze sinn, ob dat tëscht dem Heidi Klum a Lidl oder dem Greta Thunberg an The 1975 ass. Wat d’Konzept méi kreativ ass, wat besser. Dëst huet sech de Gigant Nike och geduecht a sech zesumme mat MSCHF fir e reliéisen Design entscheet.
Nieft dem Kruzifix an de Stréckele stécht déi stiliséiert Drëps Blutt, déi dem Jesus säi Blutt duerstelle soll, direkt an d’A. Besonnesch ass och den Drock “MT.14:25", e Verweis op dës Versen: “Aber in der vierten Nachtwache kam Jesus zu ihnen und ging auf dem Meer. Und da ihn die Jünger auf dem Meer gehen sahen, erschraken sie und riefen: Es ist ein Gespenst!, und schrien vor Furcht. Aber sogleich redete Jesus mit ihnen und sprach: Seid getrost, ich bin’s; fürchtet euch nicht!”
D’Gefill, um Waasser goen ze kënnen, huet de Keefer och bei dësem Modell, well d’Hiersteller tatsächlech Wäiwaasser an d’Suele fëlle gelooss hunn, dat aus dem Floss Jordan aus Israel staamt. Helleg wierken d’Sneaker och, well d’Mataarbechter vun MSCHF e Paschtouer iwwerriede konnten, fir déi limitéiert Editioun vu 24 Puer ze seenen. Bannent e puer Minutte waren d’"Jesus Shoes” ausverkaf.