RTL-Summermag: SchueberfouerBekannten Achterbunn vum Oktoberfest dëst Joer um Glacis

Philippe Dondelinger
D'Alpina Bahn ass déi gréissten Achterbunn déi Lëtzebuerg jee ze gesi kritt huet. 85 Meter laang an iwwer 30 Meter héich.
Bekannten Achterbunn vum Oktoberfest dëst Joer um Glacis
D’Alpina Bahn ass déi gréissten Achterbunn déi Lëtzebuerg jee ze gesi kritt huet. 85 Meter laang an iwwer 30 Meter héich.

Et brauch extrem vill Zäit, fir d’Alpina Bahn opzeriichten, dëst schonn eleng aus Plazgrënn. D’Bedreiwer hunn zu München dem Oktoberfest dëst Joer ofgesot, extra fir op Lëtzebuerg ze kommen.

80 Kilometer an der Stonn séier, iwwert 1 Kilometer Schinnen an 4,5 G wierken op een, wann ee matfiert. Eng absolut Mussesaach fir all Adrenalin-Junkie.

Eng Ekipp vun RTL war beim Opbau mat dobäi.

Back to Top
CIM LOGO