Fro den AffekotBeleidegung a Verleumdung: Wéini et deier ka ginn

Bob Konsbruck
Vu Beamtebeleidegungen huet ee schonn héieren, an dass dat kee Kavaléiersdelikt ass. Mee wéi steet et mat anere Persounen, vum Noper, iwwer de Geschäftsmann bis bei de Grand-Duc?
© Grafik RTL

Eng onbeduecht Ausso kann juristesch Konsequenzen hunn. Am Lëtzebuerger Code pénal gëtt kloer tëscht Beleidegung an Verleumdung ënnerscheet.

Eng Beleidegung verletzt d’perséinlech oder berufflech Éier vun enger Persoun. Betraffener kënnen eng Plainte beim Parquet oder eng citation directe maachen. Am Fall vun enger Verurteelung droen d’Auteuren meeschtens eng Geldstrof an heiansdo Schuedenersaz.

Méischwéier ass d’Verleumdung: Hei geet et ëm konkret Uschëllegungen, wéi zum Beispill Korruptioun. Wann dës net bewisbar sinn, riskéiert een héich Strofen – bis hin zu Prisong.

D’Strofe variéieren och jee no Kontext. Beleidegungen géint Ministeren, Deputéiert oder Magistraten am Kader vun hirer Funktioun ginn am Allgemengen méi streng bestrooft wéi am private Kader. D’Form spillt dobäi keng Roll: Ob geschwat, geschriwwen oder duerch Gesten – et kann alles strofrechtlech relevant sinn.

De Rot ass dofir simpel: eng Kéier déif Loft huelen, éier ee schwätzt.

Back to Top
CIM LOGO