Enkelin vum Robert F. KennedyKyle Kennedy mat 42 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Kyle Kennedy ass 42 Joer al ginn. D'Duechter vum 1997 verstuerwene Michael Kennedy gouf 2020 uerg um Réckemuerch blesséiert.
D'Kyle Kennedy hält eng Ried am Kader vum "Robert F. Kennedy Human Rights Ripple Of Hope Awards" (2018).
D'Kyle Kennedy hält eng Ried am Kader vum "Robert F. Kennedy Human Rights Ripple Of Hope Awards" (2018).
© MICHAEL LOCCISANO/Getty Images via AFP

D'Kyle Kennedy ass dout. D'Enkelin vum fréieren US-Justizminister Robert F. Kennedy ass schonn den 21. September gestuerwen. Dat mellen eng Partie däitsch an englesch Medie mam Verweis op den amerikanesche "People Magazin", dee sech op en Noruff bezitt, dee vun engem amerikanesche Pompes Funèbres online publizéiert gouf. An dësem heescht et, dass si friddlech entschlof wier.

D'Kyle Kennedy ass 42 Joer al ginn. D'Duechter vum 1997 verstuerwene Michael Kennedy gouf 2020 uerg um Réckemuerch blesséiert. Dowéinst war si eng länger Zäit geläämt an och duerno gesondheetlech belaascht.

Déi genee Ursaach vun hirem Doud ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO