Fro den AffekotGeklaute Wueren op eBay oder Vinted: Mécht ee sech als Keefer strofbar?

Bob Konsbruck
Nodeems Butteker wärend de Manifestatiounen a Frankräich geplëmmt goufen, si geklaute Kleeder, Videospiller an Elektroapparater op Online-Plattforme fir de Verkaf ugebuede ginn. Wat riskéiert een, wann een esou eng Wuer keeft?
© RTL Archivbild

Den Affekot Jean-Jacques Schonckert erkläert am RTL-Interview: Entscheedend ass, ob de Keefer weess oder zumindest däitlech Unhaltspunkten huet, datt d'Wuer aus enger Strofdot kënnt. Beim Blanchiment spillt d'Wëssen ëm den Ursprong vum Verméigen eng zentral Roll.

Besonnesch virsiichteg soll een also sinn, wann zum Beispill e Luxusartikel zu engem Präis ugebuede gëtt, deen offensichtlech vill ze niddreg ass, oder wann aus der Annonce selwer ervirgeet, datt den Artikel geklaut gouf. Dem Affekot no kann ee sech an esou engem Fall net einfach drop beruffen, vun näischt gewosst ze hunn.

Anescht gesäit et aus, wann een a guddem Glawe keeft: also op enger normaler Plattform, zu engem plausibele Präis an ouni Hiweiser op eng illegal Hierkonft. Dem Jean-Jacques Schonckert no mécht ee sech dann net automatesch strofbar, just well sech spéider erausstellt, datt d'Wuer geklaut war.

Kuerz gesot: Bei engem verdächteg gudden Deal ass Virsiicht gebueden. Wann e Luxusartikel bal näischt kascht oder d'Hierkonft dubiéis ass, léiwer d'Fangeren dovu loossen.

Back to Top
CIM LOGO