
De laangjäregen Direkter vun der 'Lëtzebuerger Revue' verzielt am 'Café des artistes' am Gronn wéi hien d'Illustréiert mam Superjhemp an Hochzäitsfotoen méi interessant gemaach huet. Hien verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel awer och firwat hie kee grousse Fussballist war a wéi hien seng Kandheet ronderëm d'Gare verbruecht huet.
Den 81järegen beschreift, wéi hien mam Pütze René d'Schëff vun der Päischtcroisière demontéiert huet, wéi hien bei der Arméi iwwer d'Mauer an duerno an de Bing koum an weess, dass een um Pissoir déi bescht Geschäfter mécht. Piano: Marc Schmidt
Wann der eng Kéier am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.