Regioun ArelBelsch Poliziste sollen d'Basis vum Lëtzebuergesche léieren

RTL Lëtzebuerg
Verschidde Beamten, déi an der Géigend Arel, Maarteleng, Attert an Habay schaffen, sollen elo Lëtzebuergeschcoursë maachen.
Belsch Poliziste sollen d'Basis vum Lëtzebuergesche léieren
Verschidde Beamten, déi an der Géigend Arel, Maarteleng, Attert an Habay schaffen, sollen elo Lëtzebuergeschcoursë maachen.

D’Iddi vum Kommissär vun Arel gouf esouguer scho vum belschen Inneminister ofgeseet. Dës Coursë sollen op fräiwëlleger Basis gemaach ginn.

Dat Ganzt ass alles anescht, wéi e Witz. An der Regioun ginn et vill Awunner, déi aus Lëtzebuerg kommen. Lëtzebuergesch ass an der Wallonie a grad an der Attert-Regioun eng wichteg Sprooch an dofir kéinten dës Coursen de Beamten, déi net aus der Géigend sinn, och als Integratioun déngen, seet de Michaël Collini, Kommissär vun Arel de belsche Kolleg vu “La Meuse Luxembourg”. Weider geduecht kéint et d’Polizisten och motivéieren, fir méi eng an och emol op der anerer Säit vun der Grenz mat de Lëtzebuerger Beamten zesummenzeschaffen.

Aktuell gëtt nach no Persoune gesicht, déi d’Coursë sollen ubidden. Déi éischt Coursë si scho fir Mëtt November geplangt.

Back to Top
CIM LOGO