Mat 89 Joer!Bernie Ecclestone gëtt nach eng Kéier Papp

RTL Lëtzebuerg
Et ass ni ze spéit, fir Papp ze ginn... dat huet sech wuel de Bernie Ecclestone geduecht, deen elo fir d'véierte Kéier Nowuess erwaart.
© AFP

Dat beriichte Sport 1 a F1-Insider. Liéiert ass de fréiere Formel-1-Chef mat der 41 Joer Fabiana Flosi. Hiert gemeinsaamt Kand soll am Juli a Brasilien d’Liicht vun der Welt erblécksen.

No dem Deborah (65), Tamara (35) a Petra (31) soll hien elo eng éischte Kéier e Bouf erwaarden, wéi seng Fra der Schwäizer Zeitung Blick soll verroden hunn.

Back to Top
CIM LOGO