
Dem neiste Ranking vum Wirtschaftsmagasinn “Forbes” no läit den LVMH-Chef elo un der Spëtzt. Him a senger Famill gehéiert ongeféier d’Hallschecht vun den Undeeler vum Luxusimperium. Zum Konzern zielen ënnert anerem Marke wéi Louis Vuitton, Tiffany, Christian Dior, Hennessy, Sephora, Kenzo, Givenchy, ma och Moët, Tag Heuer a Birkenstock sinn Deel vun LVHM.
Dem Bernard Arnault säi Verméige soll bei 198 Milliarden Dollar* leien. Op Plaz 2 läit den Ament den Jeff Bezos mat 191 Milliarden Dollar. Mat 184 Milliarden Dollar huet et den Tesla-CEO op déi 3. Plaz gepackt. Dës 3 Männer liwwere sech zanter de leschte Wochen e spannend Rennen ëm den Titel vum räichste Mann weltwäit. Am Juni hat den Arnault de Bezos eng éischte Kéier iwwerholl a sech déi 1. Plaz geséchert. De Facebook-Chef Mark Zuckerberg ass Forbes no 129 Milliarden Dollar schwéier.
Zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie klëmmt dem Fransous säi Verméige massiv. Bannent engem Dag ass et zum Beispill ëm 600 Milliounen Dollar an d’Luucht geschoss.
*D’Zomm vum Verméige variéiert konstant. Dës hänkt vun den Aktien of.