
Hien ass am enke Krees vu senger Famill, senger Verloobter a senge Frënn gestuerwen, esou e Spriecher.
Dem Perry säi Schlag koum nëmme kuerz no der Ukënnegung vun enger Neioplo vun der Kultserie “Beverly Hills, 90210", wou hien de beléifte Personnage Dylan McKay gespillt huet. Am Remake vun der bal 20 Joer aler Serie wollt de Perry wahrscheinlech awer net optrieden. No Informatioune vun de Fox-Studios, hate 6 Schauspiller vun der originaler Besetzung ënnerschriwwen, fir bei der Neioplo matzewierken. De Perry war awer net dorënner.
Fir d’lescht huet een hie nach um Set vu der Netflix-Serie “Riverdale” gesinn. Dëst ass een op engem Comicbuch baséierenden Teenager-Drama, an deem de Perry de Fred Andrews spillt, de Papp vum Schüler Archie.
Fir de Film “The Enemy” (Tödliche Formel), deen 2001 erauskomm ass, war de Luke Perry och fir d’Dréiaarbechten zu Lëtzebuerg.
