
Well se un der Théik ze no beienee stoungen, ass ee vun de Clienten an engem Supermarché rose ginn. “Géi fort, oder et ginn et an d’Schnëss” sot en 48 Joer ale Client zum 53 Joer ale Mann, deen hannert him stoung.
Wéi d’Police schreift, wier de Mann doropshin e Schratt no hanne gaangen, wat dem anere Client awer net duergaange ass. Dorops huet de Mann eben déi ganz speziell “Waff”, déi hien an der Hand hat genotzt, fir op den anere Client anzeschloen.
D’Affer huet sech doropshin a Sécherheet bruecht an d’Police alarméiert. Den Täter huet wuel zouginn, datt hien et gemaach huet, ma huet awer kee Versteesdemech gewisen, schliisslech wier seng perséinlech Sphär blesséiert ginn. Trotzdeem gouf eng Plainte wéinst Kierperverletzung gemaach an d’Affer huet misse bei den Dokter goen.