
Déi 32 Joer al Denise Jones vu Huyton a Fan vum Pink wollt de Concert vun der amerikanescher Sängerin op kee Fall verpassen, och net héichschwanger. Et sollt eréischt an 3 Woche souwäit sinn, ma knapp nodeems dat éischt Lidd “Get the Party started” duerch de Mikro ze héiere war, huet och eppes ganz anescht “gestart”. Beim Denise Jones hunn d’Wéien agesat a schonn e puer Minutte méi spéit war dee wuel jéngste Pink-Fan op der Welt. Eng Blëtz-Gebuert.
Dat klengt Meedche war bei der Gebuert 2900 Gramm schwéier a war, wéi gesot, 3 Wochen ze fréi un a kärgesond. Och der Mamm geet et gutt. D’Dolly Louise, sou sollt d’Kand heeschen, huet 3 Gesëschter an heescht elo, ganz passend, Dolly Pink.