HamburgBoeing 707 gëtt no 15 Joer am Déngscht zerseet

RTL Lëtzebuerg
20.783 Mol war d'Maschinn vun der Lufthansa an der Luucht. Elo soll se zerstéckelt ginn.
© AFP Archiv

Ee vun den eelsten Düsefligere vun der Lufthansa kënnt ënnert den Hummer. Net als ganze Fliger, mä just Deeler vun der Boeing 707-430. Dës ginn duerno am September am Industrie-Auktiounshaus Dechow versteet. Zesumme mat Deeler vun enger Maschinn, déi virun e Wochen zu Berlin-Tegel zerluecht gouf.

Zanter 1960 gouf d’Hamburger Boeing weltwäit agesat. 59.024 Stonne war si an der Luucht, 20.783 Mol ass si gelant. Déi leschte Kéier ass si 1976 fir e Film geflunn.

Back to Top
CIM LOGO