An der Westminster-Kathedral zu LondonBoris Johnson huet d'Carrie Symonds bestuet

RTL Lëtzebuerg
Ronn ee Joer no der Gebuert vun hirem gemeinsame Jong huet de brittesche Premier seng Partnerin Carrie Symonds e Samschdeg bestuet.
© AFP

D’Hochzäit war e Samschdeg am klenge Krees mat der Famill a Frënn an der Westminster-Kathedral zu London, dat huet e Regierungsspriecher e Sonndeg offiziellt matgedeelt. Den Johnson ass eréischt deen zweete brittesche Premier, dee wärend senger Amtszäit bestuet ginn ass.

De Boris Johnson a seng Fra Carrie Symonds wëllen hir Hochzäit den nächste Summer mat der Famill an hire Frënn nofeieren.

De 56 Joer ale Premier an déi 33 Joer al fréier Kommunikatiounscheffin vu senger Konservativer Partei hate sech Enn 2019 verloobt, am Abrëll 2020 war hire Bouf Wilfred op d’Welt komm. Der Zeitung “The Sun” no gouf d’Koppel vum selwechte Paschtouer bestuet, deen och hiert Kand gedeeft huet.

Den Johnson war schonn zwee Mol bestuet an huet op d’mannst sechs Kanner.

Back to Top
CIM LOGO