
Dass Politiker heiansdo ongemittlech Froen oder Äusserungen iwwert sech mussen ergoe loossen, misst jidderengem bewosst sinn. Dëst krut och de brittesche Premier de Weekend wärend engem Spadséiergang ze spieren.
Wärend hie vu senge Bierger verlaangt, doheem ze bleiwen, fir d’Verbreedung vum Coronavirus a Groussbritannien anzedämmen, geet hie selwer ganz entspaant mat engem Kaffi an der Hand duerch den St. James Park trëppelen. An dat, obwuel hie jiddereen opgefuerdert huet, net méi an d’Parken trëppelen ze goen. Dat huet engem Mann awer net an de Krom gepasst an huet de Premier kuerzerhand an der Ëffentlechkeet zur Ried gestallt.
