New YorkBotzfra 3 Deeg am Lift an Haus vu Milliardär agespaart

RTL Lëtzebuerg
Zu New York war eng Botzfra 3 Deeg laang am Lift vun engem New Yorker Milliardär agespaart. D'Famill war iwwert de Weekend an der Vakanz.
© AFP Archivbild

E Freideg wollt d’Fra am Luxus-Haus vum milliardeschwéieren Investisseur Warren Stephens an der Upper East Side botzen. Wéi si de Lift benotzt huet, ass deen tëscht dem zweeten an drëtte Stack hänke bliwwen.

Aus bis ewell nach net gekläerte Grënn, konnt d’Botzfra keen ëm Hëllef ruffen. Wéi d’Famill Stephens no hirer Rees e Méindeg nees zeréckkomm ass, ass hinnen opgefall, dass de Lift net géing goen. Si hunn d’Pompjeeë geruff.

D’Fra gouf gerett, hir ass et den Ëmstänn entspriechend gutt gaang. Si koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO