Hien huet den aussergewéinlechen Job, um héchste Bierg vun Däitschland, der Zugspitze, als Bréifdréier ze schaffen.
Fir bei d’Aarbecht ze kommen, fiert den 53 Joer ale Mann all Dag, egal wat fir e Wieder, mat der Gondel op d’Zugspitze, déi op enger Héicht vun 2.962 Meter läit. Vun do aus dréit den Andreas Oberbauer d’Post bei d’Wiederstatioun an d’Schneefernhaus, en alen Hotel, deen haut als Ëmweltforschungsstatioun benotzt gëtt. Duerno geet et weider bei de Restaurant um Zugspitz-Plateau, wou d’Léit Postkaarten uechter d’ganz Welt verschécken.
Den Andreas Oberbauer ass och dofir zoustänneg, fir op all d’Postkaarten e Stempel an en Timber ze maachen. Zanter 1995 schafft den Oberbauer op der Zugspitze, nodeems och säi Papp virun him 25 Joer do als Bréifdréier geschafft huet. Den Oberbauer hofft, dass an der Zukunft och säi Jong d’Traditioun wëll weiderféieren.