
D’Proprietärin hat d’Police geruff, well an hirem Auto eng onbekannte Persoun géing sëtzen. Op der Plaz hunn d’Beamte konnten e klengen Hummer sécher stellen, deen de Brigang an der Boxentäsch hat.
Nodeems de Mann eenegermoossen zou sech war, huet hien ugefaang d’Polizisten ze beleidegen an huet sech aggressiv beholl. Den 48 Joer ale Mann krut nach op der Plaz Handschellen ugedoen. Géint hie gëtt elo ermëttelt.