Et si keng roseg Zäiten am Moment fir all d’Fuesgecken. De Weekend sollten zu Réimech, Waasserbëlleg a Péiteng Kavalkade sinn. Coronabedéngt war dat net méiglech. Zu Péiteng hu si sech duerfir e bësse Fuesstëmmung an d’CARena geholl.
Brings waren déi éischt, déi an Däitschland esou en Autosconcert gespillt hunn. Et waren 160 Autoen an d’CARena op Péiteng komm. Mir hunn nogefrot, wéi dës Formule bei de Leit, Band an Organisateur ukomm ass.