150 KilometerBrit flücht um Jetski virun australescher Police

RTL Lëtzebuerg
Eng spektakulär Flucht hat sech e 57 Joer ale Brit mat der australescher Grenzpolice geliwwert. Hie wollt um Jetski bis a Papua Neiguinea flüchten.
© AFP

De Verdächtegen hat eng Streck vu ronn 150 Kilometer gepackt, ier e virun der Küst vu Papua Neiguinea gepëtzt konnt ginn.

Déi australesch Police hat am Virfeld en Hiwäis kritt, de Mann wier mat enger Waff, enger Reserv Bensin a Proviant um Mier ënnerwee. Dat ass de Beamte verdächteg virkomm. Du koum d’Nouvelle, dass hien am Bundesstaat Western Australia wéinst Drogendelikter gesicht gëtt. Do soll hien och elo ausgeliwwert ginn.

Back to Top
CIM LOGO