Elton John bis Roger TaylorBrittesch Autoritéite verëffentleche Privatadresse vu Promien a Politiker

RTL Lëtzebuerg
Wie schonn ëmmer emol wësse wollt, wou d'Prominenz a Groussbritannien wunnt, konnt sech an der Nuecht op e Samschdeg säi gréissten Dram erfëllen.
© afp

An där Nuecht sinn nämlech d’Adresse vu ganzer 1.097 Privatpersounen, Museker, Schauspiller a Politiker am Internet opgedaucht. Betraff vun dësem “Leak” waren zum Beispill de Roger Taylor vu “Queen” oder d’Sängerin Olivia Newton-John, mellt d’Zeitung The Guardian.

Wéi et zu dëser Pann komme konnt, ass bis ewell nach onkloer a muss vum brittesche “Cabinet Office” ënnersicht ginn. Sécher ass awer, dass déi privat Donnéeë vun de britteschen Autoritéite publizéiert goufen.

U sech sollten d’Informatioune just fir en internt Dokument benotzt ginn, fir déi sougenannten Neijoerschdag-Lëscht vun der Queen Elizabeth II. Déi betraffen 1.097 Persoune wollt d’Kinnigin nämlech fir hire gesellschaftlechen Engagement éieren.

Back to Top
CIM LOGO