
Siwe Wochen huet et gedauert bis déi offiziell Ranguerdnung an der brittescher Trounfolleg bekannt gemaach ginn ass. Vum Kensington Palais huet et deemno e Méindeg geheescht, dass d’Lilibet Diana op der 8. Plaz an der Ranguerdnung ass.
D’Aktualiséierung schéngt awer och just publizéiert ginn ze sinn, well et scho Kritik gouf. Souguer international Medien haten de Sujet opgegraff a sech gewonnert, wisou de Palais esou laang géing brauchen.
Beim 2 Joer alen Archie Mountbatten-Windsor huet et knapp 2 Woche gedauert, bis hien op déi 7. Plaz direkt hannert säi Papp koum. Virum Lilibet war iwwregens de Prënz Andrew op der 8. Positioun.