"Sexuell an obszön" InhalterBruno Mars mécht de Geck iwwert Zensur vu senge Lidder an Indonesien

RTL Lëtzebuerg
De Grammy-Gewënner versteet d'Verbuet vu senge Lidder net.

Den R&B- an Funksänger Bruno Mars huet sech op Twitter iwwer d’Zensur vu senge Lidder beschwéiert a gläichzäiteg de Geck gemaach. D’Mediekommissioun vu West-Java, eng vun de konservatiivste Provënze vum Inselstaat, huet am Februar decidéiert, dass 17 auslännesch Lidder aus moralesche Grënn nëmmen tëschen 22 an 03 Auer dierfe gespillt ginn. Grond dofir sinn hir “sexuell an obszön” Inhalter.

Zu de betraffene Lidder gehéieren “That’s what I like” a “Versace on the Floor” vum Bruno Mars, oder och Megahits wéi “Shape of You” vum Ed Sheeran an “Love me Harder” vum Ariana Grande.

A sengem Tweet u seng 42 Millioune Follower schreift den US-Popstar: “Wat der Däiwel! Ech hunn et an Indonesien kraache gelooss! An da kënnt den @edsheeran mat senge kranken, perversen Texter a eis gëtt elo all Misär gemaach! Merci Ed. Villmools Merci.”

De President vun der Kommissioun, Dedeh Fardiah, sot géigeniwwer der AFP, dass de Mars méiglecherweis de Kontext vun der neier Bestëmmung net verstanen hätt. Déi betraffe Lidder solle wierklech “sexuell an obszön” Inhalter hunn.

Back to Top
CIM LOGO