Vill OpreegungBuergermeeschter bäisst an Olympia-Medail

RTL Lëtzebuerg
D'Softball-Sportlerin Miu Goto ass net begeeschtert iwwert de Bass an hir Medail a kritt dowéinst vun den Olympia-Organisateuren eng fonkelnei.
© AFP

Déi japanesch Sportlerin Miu Goto huet bei Olympia an der Sportaart Softball eng Goldmedail gewonnen an gouf doropshi bei de Buergermeeschter vun hirer Heemechtsstad Nagoya agelueden. Do huet d’Miu Goto dem Buergermeeschter Takashi Kawamura d’Medail ëm den Hals gehaangen. Dëse bäisst virun der Kamera einfach dran.

Ob hien dann elo einfach iwwerpréiwe wollt, op d’Medail dann och wierklech aus Gold ass, dozou seet de Buergermeeschter näischt. Bei der Sportlerin an aneren Olympia-Athlete suergt dës awer fir Opreegung. Et muss ee bedenken, dass enorm Mesurë geholl goufen, fir wärend der Pandemie awer kënnen d’Olympesch Spiller ofzehalen. Zemools, well d’Infektiounszuele mam Coronavirus den Ament a Japan klammen. Do ass e Bass vum Buergermeeschter an d’Medail vun der Sportlerin net immens hygienesch.

No de ville Reaktiounen hunn d’Organisateure vun Olympia decidéiert, dem Miu Goto eng nei Goldmedail ze ginn. De Buergermeeschter entschëllegt sech fir dëse Virfall.

Back to Top
CIM LOGO