
Zanter Jore gesäit een déi bekannten orangë Glieser op Instagram-Selfien. Net manner méi 1,3 Millioune Mol gouf den Hashtag #aperolspritz benotzt. Gëtt dem Trend elo en Enn gesat?
No 18 Auer zerwéiert de Marco Baier, Chef vum “Patolli”, enger Bar a München, keen Aperol Spritz méi. De Grond, wisou hien d’Zoubereedung refuséiert, ass einfach: Se wier ze langweileg.
Spritz géinge just déi Clienten auswielen, déi sech keng Gedanken iwwert d’Kaart maache wëllen, sou de Baier. Hie wëll seng Gäscht bekéieren an hinne weisen, dass d’Genoss-Welt vum Alkohol nach aner Kreatiounen unzebidden hätt.
Ob dëse Streik d’Gewunneschtsdéier Mënsch wierklech dozou bréngt, fir Neies auszeprobéieren?