
Dës stoung um Daach vun engem Wunnhaus ronn 1 Kilometer virun der Arrivée vun der 8. Etapp vun der Vuelta, déi vum Nikias Arndt gewonne gouf.
Och d’Police schéngt d’Vuelta gekuckt ze hunn, well déi sinn dorop opmierksam ginn a sinn op d’Plaz gefuer. Wéi si do ukomm sinn, hate sech d’Bewunner schonns duerch d’Bascht gemaach, déi ronn 40 Planze sinn zerstéiert ginn.
Sollten d’"Hobby-Gäertner” nach emol zeréckkommen, kéinte si fir 3 bis 6 Joer an de Prisong kommen.