Si nennen sech Yaya van Chic, Emski oder Kahlo. A si bekannt duerch hir liicht decaléiert Videoen op RTL You. Videoe vu Jonker fir Jonker. An déi siche grad Nowuess.
Duerfir haten se de Weekend e Casting. De Gewënner kritt säin eegene Kanal op RTL You.
Mir ware kucken, wien sech do alles gemellt huet, op wat der Jury besonnesch wichteg war a wéi et nom Casting weider geet.